Themewoch – “MaMer Egalitéit”

D’Educatiounsekipp vum MEGA huet d’Biergerhaus vu Mamer ënnerstëtzt bei der Opstellung vun der éischter Editioun vun der Themewoch “MaMer Egalitéit”. Vu Méindes dem 3. Mee bis Freides de 7. Mee 2021, goufen 10 thematesch Ateliere fir 287 Schüler (aus 14 Klassen aus dem Fondamental an 3 Klassen aus dem Lycée Josy Barthel Mamer) gehalen.

Nieft den Atelieren déi vun de Partner vum MEGA gehale goufen, huet d’Educatiounsekipp selwer konnte méi Atelieren halen an dovunner der zwee déi direkt vu Webinairen ofgeleet waren (ROSA BLO! – ENG FRO VU STEREOTYPPEN an SOZIAL MEDIEN: WÉI SI EIS ROLLEBILLER PRÄGE), dëst fir ze weisen a beweise wéi einfach eng Ëmsetzung vun esou Webinaire am schoulesche Kader ka sinn.

Zéckt net iech bei eis ze mellen falls dir och esou Ateliere fir är Kanner a Jonker sicht, fir zesummen se esou opzesetze fir datt se beschtméiglech är Erwaardungen treffen.

Fannt den Detail vun der Themewoch an dësem Pressecommuniqué.