Sozial Medien: Wéi si eis Rollebiller präge

Liste de souhaits Partager
Partager le cours
Lien de la page
Partager sur les réseaux sociaux

À propos du cours

An dësem Webinar geet et drëms, wéi Medien d’Geschlechterrollen duerstellen a wéi mir eis dovunner beaflosse loossen – ob bewosst oder net.

Presentéiert gëtt dëse Webinar vum Wencke Fiedler. Hatt schafft zanter ville Joren als Synchronspriecherin an als Moderatrice beim Radio. Wéi ënnerschiddlech Männer a Fraen an de Medien duergestallt ginn a wéi eng Erwaardungen d’Gesellschaft un si huet, erlieft d’Wencke Dag fir Dag un éischter Hand.

Virun allem am jonken Alter ass et wichteg ze léieren, wéi ee bewosst mat (soziale) Medien ëmgeet an datt et absolut an der Rei ass, wann een net engem perfekten Ideal entsprécht. Well d’Influencer op Instagram an TikTok sinn dat selwer nämlech och net.

Afficher plus

Qu’allez-vous apprendre ?

  • Erkennung vu sexistesche Stereotyppen
  • Bewossten Ëmgang mat soziale Medien
  • Toleranz vis-à-vis vu Leit, déi net den typesche Rollebiller entspriechen
  • Méi Matgefill mat sech selwer

Contenu du cours

Natierlech schéin oder schéi falsch?
Um Beispill vum Kardashian Clan stelle mir Medienduerstellungen a Fro

Gefiller a Rollebiller
Mir schwätzen iwwer Rollebiller a Gefiller weise

Audiovisuelles & Sexismus

Conclusioun