Technologie muss net langweileg sinn. Entdeck de Beräich STEAM (Wëssenschaft, Technologie, Engineering, Mathematik) un Hand vu flotten Atelieren di der Kreativitéit keng Grenze setzen an enger Welt wou jidderee wëllkomm ass. Du hues aal an...
ROCKING ROBOTS
Technologie muss net langweileg sinn. Entdeck de Beräich STEAM (Wëssenschaft, Technologie, Engineering, Arts, Mathematik) un Hand vu flotten Atelieren di der Kreativitéit keng Grenze setzen an enger Welt wou jidderee wëllkomm ass. Du denks,...
KUERZ FILMER IWWERT D’ROLLEVERDEELUNG VUN FRAEN A MÄNNER A VERSCHIDDENE LIEWENSBERÄICHER
An dëse Kuerzfilmer weist de MEGA op wéi eng Manéier an a wéi enge Liewenssituatioune Meedercher a Jongen, Fraen a Männer op Préjugéën (oder souguer Diskriminatioune) stoussen déi op hiert Geschlecht zeréckzeféieren sinn.
Dëst zitt sech vum private Liewe bis hin zur berufflecher Orientéierung, respektiv zum Beruffsliewen.
Mega-jumper
De MEGA-Jumper ass eng Camionnette mat didakteschtem Material iwwert Geschlechter-stereotyppen an Diskriminatioun tëscht de Geschlechter.
Op Ufro deplacéiert d’Ekipp vum MEGA sech mat der Camionnette bei Iech.
De MEGA-Jumper ka mat aneren Aktivitéite verbonne gi wéi zum Beispill mam Atelier “Rosa Blo!” fir Kanner.
ATELIER “ROSA BLO!”
Mat dësem Atelier proposéiert de MEGA de Kanner ofwiesslungsräich Spiller an Aktivitéiten déi hinnen erlabe solle Geschlechterstereotyppen am Alldag ze erkennen an ze verstoen. D’Kanner kréien hei d’Méiglechkeet sech zu deem Theema auszedrécken.
ATELIER: “WEI ERLIEFT DIR GLÄICHSTELLUNG VUN DE GESCHLECHTER AM ALLDAG?”
Dëse Projet hëlleft deene Jonken d‘Geschlechterstereotyppen an hirem Alldag, iwwert interaktiv Ateliere besser ze erkennen an ze verstoen.
Lycéeszäit ass d’Zäit vum erwuesse ginn a fir muncheree kritt d’Rolleverdeelung tëscht Mann a Fra eng nei Bedeitung. Wéi erliewen déi Jonk d’Gläichstellung vu Mann a Fra an hirem Privatliewen? An der Schoul? A wat fir eng Roll spillt d’Geschlecht an der Schoul, respektiv Beruffsorientéierung?
MEMORY-SPILL IWWERT BERUFFER
Beruffer spilleresch entdecken? Dat ass méiglech mam MEGA-Spill dat op dem klassesche Memory opgebaut ass an dat de Kanner verdäitleche soll datt eigentlech all Beruff vu Fraen a Männer ausgeübt ka ginn.
D’MEGA-Spill kann een online spillen ënnert mega-spill.lu, eleng oder am Duell géint en aneren. Niewent der elektronescher Versioun gëtt et och eng Pabeierversioun déi zum didaktesche Material vum MEGA-Jumper gehéiert.