ATELIER “ROSA BLO!”

Mat dësem Atelier proposéiert de MEGA de Kanner ofwiesslungsräich Spiller an Aktivitéiten déi hinnen erlabe solle Geschlechterstereotyppen am Alldag ze erkennen an ze verstoen. D’Kanner kréien hei d’Méiglechkeet sech zu deem Theema auszedrécken.

D’Ekipp vum MEGA deplacéiert sech op Ufro mam MEGA-Jumper fir mat Hëllef vum didaktesche Material een interaktiven Atelier ze gestalten.

Reservéiere kann een den Atelier ënnert events@mega.public.lu

Den Atelier gëtt och als Webinar ugebueden.

Wien: Kanner vu 4 bis 12 Joer

Wou: Grondschoulen, Maisons Relais, Gemengenhaiser

Wat: Geschlechterstereotyppen am Alldag

Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch 

Dauer : 30-120 min