BROSCHÜR “WE ARE EQUAL”

De Ministère fir Gläichstellung huet eng nei Broschür verëffentlecht, déi sech u Jonker tëscht 12 an 20 Joer riicht a fir déi alldeeglech Gläichstellung sensibiliséiere soll.

We are equal  abordéiert op 7 Säite pedagogesch déi wichtegst Aktiounsberäicher vun der Gläichstellungspolitik. Doriwwer eraus erkläert d’Broschür den Ënnerscheed tëscht Gläichberechtegung a Chancëgläichheet, ier se sech op d’Dekonstruktioun vu Stereotyppe konzentréiert, déi vu kleng op, onbewosst eis Perceptiounen an Erwaardunge vis-à-vis vu Jongen a Meedercher beaflossen. Virurteeler déi dacks am Marketing an an de Medie propagéiert ginn, bremsen eis beispillsweis an der Schoul, an der Beruffsausbildung oder an der berufflecher Formatioun aus.