Rock de Rack 2021

De Rock de Rack 2021 war ee Sensibiliséierungsdag zum Thema Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, dee speziell fir Schüler aus dem Lycée entwéckelt gouf.

Organiséiert am Kinepolis Kierchbierg, mat engem Fokus op d’Thematik vun der Gläichstellung an de Medien, am Film an am Theater, huet de Festival stattfonnt den 28. Oktober 2021 ab 8 Auer.

Programm vum Dag:

  • 0800-0845: Aschreiwungen a COVID-Check
  • 0845-0900: Intro an detailléiert Erklärungen zum Oflaf
  • 0900-1030: Éischt “Ronn” Atelieren
  • 1030-1045: Paus
  • 1045-1215: Zweet “Ronn” Atelieren
  • 1215-1315: Lunch
  • 1315-1500: Film “Histoire(s) de femme(s)” zesumme mat der Realisatrice  Anne Schroeder
  • 1500-1700: Rock de Krees – interaktiv Diskussiounsronn tëscht de Participanten, den Intervenanten an der Madamm Ministesch

D’Atelieren goufen entwéckelt an animéiert vu folgende Partner:

  • Lëtzebuerger Arméi: “Zesumme géint Stereotyppen”
  • CID Fraen & Gender: “D’Lutte fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer”
  • science.lu/Fonds national de la recherche: “Wéi ticken Fuerscherinnen a Fuerscher?”
  • École du théâtre: “Wéi kann ee Stereotyppen an Diskriminatiounen  déi mam Geschlecht ze dinn hunn ausspillen”
  • Graffiti asbl: “Genderstereotyppen an der Publicitéit”
  • CNA – Centre National de l’Audiovisuel: “Superheldinnen an Actionfilmer”
  • LISER: “Gender-game 2.0”
  • Makeit asbl: “Rocking Robots”
  • Université du Luxembourg: “Gender Crush – Media Edition: Das Spiel um Medien und Geschlechter”

Bei Froen: +352 247 85812 an +352 247 85826.