Presentatioun vun den neien Tools vum MEGA

Op enger Pressekonferenz de 26. Abrëll 2021 huet d’Ministesch fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer d’politesch Prioritéite fir de Beräich vun der Egalitéit an der Educatioun presentéiert. Fir dat aus där Gläichstellung tëscht Fraen a Männer och eng Realitéit gëtt, huet d’Ministesch allen Acteure d’Wichtegkeet déi d’Thematik verdingt rappeléiert, an och eng Rei nei Tools virgestallt déi een ab haut ka notzen:

  • de MEGA-Katalog: praktesche Katalog deen eng ganz Rei u verschiddenen Tools a Service virstellt déi vum MEGA a vu senge Partner proposéiert ginn. Entdeckt dësen online oder an der Pabeierversioun bei enger vun eise sëllege Sortien.
  • d’MEGA-Webinaren: kuerz online Atelieren déi einfach ze notze sinn, an déi ganz verschidden Themen traitéieren wéi d’Geschlechterrollen déi op de Soziale Medie duergestallt ginn ou oder och nach d’Diskriminatioun déi ee begéine ka bei Virstellungsgespréicher.
  • d’MEGA-Spill: “Memory” Spill am XXL Format wat Grondschoulen a Maison Relais ausléinen dierfe beim MEGA fir hier eege spilleresch Atelieren z’organiséieren.

Zéckt also net fir iech mat der Ekipp vun der Egalitéit an der Educatioun zesummenzesetzen fir eng Aktivitéit fir d’Kanner a Jonker déi dir encadréiert z’organiséieren.