Geschicht(e) vu Gläichstellung

Den 8. Mäerz, um internationalen Dag vun de Fraërechter, huet de Ministère fir Gläichstellung op eng Zäitrees an d’Siechzeger Joeren agelueden, zeréck bei d’Fraëbeweegung an hir Auswierkungen op eis Gesellschaft.

Wéi huet sech zanterhier eise Bléck op d’Fraë verännert? Sinn et ëmmer nach just d’Männer, déi no de Stäeren gräifen, an d’Fraen déi Steng an de Wee geluegt kréien?

Interessant bleiwt de Bléck op d‘Geschlechter-Stereotypen déi mir zanter Joerzéngte mat eis schleefen an déi bis haut Denken, Soen a Maache beaflossen. Dobäi ass dat fräit Ausliewe vum individuelle Potenzial eng Tugend, déi der ganzer Gesellschaft, Fraë wéi Männer, zegutt kënnt. Kommt a begleed eis op dësem virtuellen Owend an der Nationalbibliothéik, wou nei Stëmmen déi al Viruerteeler op de Leescht huelen.

Mat Interventioune vun der Historikerin Prof. Dr. Sonja Kmec souwéi jonke lëtzebuergesche Schrëftsteller*Innen. D’Viirträg waren op lëtzebuergesch an däitsch a goufe simultan op Franséisch iwwersat.