De MEGA zu Schengen

D’Ekippe vum MEGA ware fir Sensibiliséierungsaktiounen zu Remerschen, Schengen, Perl, Colmer-Bierg a Contern an der Woch vum 18. bis den 22. Oktober 2021.

D’Educatiounsekipp huet d’Kanner aus dem Cycle 4 begéint fir Atelieren zum Thema Gläichstellung, Viruerteeler, an och fir eng Entrevue mat der Madamm Minister Taina Bofferding den 18. an 19. Oktober.

Di selwescht Ekipp huet och Schüler vun der 10. Klasse aus dem Schengenlycée vu Perl den 20. an 22. Oktober begéint, hei zu Theme wéi Egalitéit, Stereotyppen a Geschlechter-Rollebiller.

De MEGA seet allen implizéierte Persounen an alle Kanner a Jonken déi se begéint hu Merci fir de Succès vun dëser intensiver Woch!