Atelier “Rosa-Blo” fir Kanner aus der Grondschoul zu Contern

D’Ekipp Edukatioun vum MEGA war am Kader vum Weltfraendag an der Grondschoul vu Contern. Während zwee Deeg konnte 5 Klassen aus de Cycle 3.1 bis 4.2 an 1 Grupp aus der Maison Relais hier interessant Erfahrungen an Iddien deelen zum Thema Gläichstellung, a gläichzäiteg sech mat Themen auserneesetze wéi Stereotyppen, Duerstellung a Beaflossung.

Dësen Atelier kann een iwwregens als Grondschoul oder Maison Relais iwwer d’ganz Joer beim MEGA bestellen, wou dann am Respekt vun de Consignes sanitaires ee flexiblen Atelier proposéiert gëtt deen t¨ëscht 30 an 120 Minutte laang ka sinn pro Grupp