MEMORY-SPILL IWWERT BERUFFER

Beruffer spilleresch entdecken? Dat ass méiglech mam MEGA-Spill dat op dem klassesche Memory opgebaut ass an dat de Kanner verdäitleche soll datt eigentlech all Beruff vu Fraen a Männer ausgeübt ka ginn.

D’MEGA-Spill kann een online spillen ënnert mega-spill.lu, eleng oder am Duell géint en aneren. Niewent der elektronescher Versioun gëtt et och eng Pabeierversioun déi zum didaktesche Material vum MEGA-Jumper gehéiert.

Dës grouss Variant vum Memory Spill kann ausgeléint ginn op events@mega.public.lu

Wien: Kanner ab 4 Joer, Jugendlecher

Wou: Privat, Grondschoulen, Lycéeën, Maisons Relais, Jugendhaiser

Wat: Geschlechterstereotyppen am Beruff

Sproochen : Lëtzebuergesch