Mega-jumper

De MEGA-Jumper ass eng Camionnette mat didakteschtem Material iwwert Geschlechter-stereotyppen an Diskriminatioun tëscht de Geschlechter.

Op Ufro deplacéiert d’Ekipp vum MEGA sech mat der Camionnette bei Iech.

De MEGA-Jumper ka mat aneren Aktivitéite verbonne gi wéi zum Beispill mam Atelier “Rosa Blo!” fir Kanner.

Bestelle kann een d’Camionnette iwwert events@mega.public.lu

Wien: Kanner, Jonker

Wou: Schoulen, Maisons Relais, Lycéeën, Jugendhaiser, Veranstaltungen

Wat : Geschlechterstereotyppen am Privatliewen, op der Aarbecht, an der Politik

Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch