Et ass am ganz fréien Alter wou déi éischt Schinne gesat ginn zum Thema Geschlecht, an do kënne souwuel positiv als ewéi negativ Iddie bei Kanner ukommen.
An dësem Webinar ginn ofwiesselungsräich Spiller an Aktivitéite proposéiert. Dëss erlaben et hinnen ze verstoe wat Stereotyppen sinn (wéi zum Beispill och datt Rosa fir Meedercher wier a Blo fir Jongen), a wat fir Effekter dëss kënnen hunn. Gläichzäiteg hunn d’Kanner d’Méiglechkeet sech zu deem Thema an hierem eegenen Alldag auszedrécken.