Rock de Rack 2020

D’Ziel vum Rock de Rack ass et Jonker zum Thema vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer ze sensibiliséieren. D’Editioun vun 2020, déi nach méi spezifesch ënnert dem Thema vun der Gläichstellung am Digitalen leeft, ass de 29. Oktober an de Rotonden zu Bouneweg!

All Lycéesklass – mam Accord vun hirer Direktioun – ka sech fir dësen Dag aschreiwen. Gruppen, déi net méi als ewéi 29 Schüler dierfen hunn, mussen onbedéngt begleet ginn vun engem vun hiren Enseignanten oder soss engem Begleeder deen de Lycée definéiert.

  • Den Accueil op der Plaz ass op ab 10 Auer,
  • Di éischt Sessioun vun den Atelieren ass um 11 Auer,
  • Déi zweet Sessioun vun de selwechten Atelieren ass fir eng aner Klass um 13:30 Auer,
  • De Rock de Krees (interaktiv Table-Ronde), fänkt um 15:15 Auer un an ass um 17:00 Auer fäerdeg.

D’Atelieren gi proposéiert vun de folgenden Organisatiounen:

  • Fonds National de la Recherche (FNR)
  • Make it asbl
  • Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER)
  • Women in Digital Empowerment asbl (WIDE)
  • Ville de Dudelange – Service à l’égalité des chances
  • CID Fraen an Gender
  • Graffiti asbl
  • Chambre des salariés (CSL)
  • Jonk BAD

No der Bestätegung vun der Aschreiwung, kënne Klassen hier Preferenz vu Workshop uginn.

WICHTEG: D’Consigne vun der Direction de la Santé ginn all respektéiert, an d’Vermëschung tëscht de “Klasse-Gruppen” op ee Minimum reduzéiert. Fir all Deplacement ausserhalb vun engem Atelier muss een ee Mask oder ee Buff unhunn.

De Rock de Rack ass dëst Joer keen ëffentlecht Event, an aus Organisatiouns-Ursaachen ginn all net gemellte Persounen oder Gruppen net era gelooss.

Schreift iech an per Email, oder kontaktéiert d’Ekipp vum Rock de Rack um +352 247-85826 fir all Fro.