Duerstellung vun de Geschlechter an de Schoulbicher

Kanner benotzen hier Schoulbicher all Dag. Nieft hirer pedagogescher Roll, dénge Schoulbicher och als Sozialiséierungsinstrument an als Instrument fir Valeure weiderzeginn. Doduerch hu Schoulbicher duerchaus d’Potenzial fir zur Gläichstellung tëscht de Geschlechter bäizedroen. D’Unerkennung vun dësem Potenzial huet eng héich Unzuel vun Etuden op internationalem Niveau mat sech bruecht.