Technologie muss net langweileg sinn. Entdeck de Beräich STEAM (Wëssenschaft, Technologie, Engineering, Mathematik) un Hand vu flotten Atelieren di der Kreativitéit keng Grenze setzen an enger Welt wou jidderee wëllkomm ass. Du hues aal an...
ROCKING ROBOTS
Technologie muss net langweileg sinn. Entdeck de Beräich STEAM (Wëssenschaft, Technologie, Engineering, Arts, Mathematik) un Hand vu flotten Atelieren di der Kreativitéit keng Grenze setzen an enger Welt wou jidderee wëllkomm ass. Du denks,...
KUERZ FILMER IWWERT D’ROLLEVERDEELUNG VUN FRAEN A MÄNNER A VERSCHIDDENE LIEWENSBERÄICHER
An dëse Kuerzfilmer weist de MEGA op wéi eng Manéier an a wéi enge Liewenssituatioune Meedercher a Jongen, Fraen a Männer op Préjugéën (oder souguer Diskriminatioune) stoussen déi op hiert Geschlecht zeréckzeféieren sinn.
Dëst zitt sech vum private Liewe bis hin zur berufflecher Orientéierung, respektiv zum Beruffsliewen.
PIXI-BICHER
De MEGA huet an Zesummenaarbecht mam Carlsen Verlag vun Hamburg an Däitschland eng Rei Pixi Bicher erstelle gelooss.
„Mama ist Bürgermeisterin“ weist wéi facettëräich a spannend de Beruff vu Buergermeeschter oder Buergermeeschtesch ka sinn. Et soll déi Jonk dozou motivéieren sech fir d’Politik ze interesséieren, a weisen dass och Fraen politesch aktiv kënne sinn.
„Das kann ich auch!“ setzt de Fokus op d’Rollebiller tëscht Meedercher a Jongen a verschiddene Liewenssituatiounen, fir ze weisen dass si onofhängeg vun hirem Geschlecht, de selwechte Beruff ausübe kënnen an och an hirer Fräizäit déi selwecht Hobbye kënnen hunn.
Mat „Einhorn und Roboter suchen ein Zuhause“ weise mir datt et keng typesch Meederchers- respektiv Jongespillsaache ginn, mee all Kand mat all Spillsaach sech beschäftege kann.
Broschür: We Are Equal
Wat bedeit Gläichstellung fir eis am Alldag?
D’Broschür präsentéiert eng grouss Unzuel u gängege Situatioune flott a liichtverständlech illustréiert a mat kuerzen Texter beschriwwe fir esou bei Jonken eng Reflexioun unzereegen iwwert d’Villsäitegkeet vun der Gläichstellungs-Thematik.
Formatioun: Ech kämpfe fair
D’Formatioun „Ech kämpfe fair“ setzt sech mam Thema Gewaltpreventioun spilleresch a reflexiv auserneen.
Si gëtt vun der a.s.b.l. Act Together ugebueden déi sech ënnert anerem fir d’Wuelbefanne vu Kanner a Familljen a Nout a fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer asetzt, sou wéi e Berodungsservice fir Jongen a Männer offréiert.
EXPO 100 JOER FRAEWALRECHT
De MEGA huet eng ambulant Ausstellung organiséiert déi zeréckbléckt op déi wichtegst politesch an historesch Etappen a Punkto Gläichstellung an de leschten honnert Joer.
Op Ufro stellt de MEGA d’Expo deene Leit zur Verfügung déi dorun interesséiert si fir dass d’Fraerechter, respektiv d’Universalwalrecht an hire Strukturen thematiséiert kënne ginn.
Mega-jumper
De MEGA-Jumper ass eng Camionnette mat didakteschtem Material iwwert Geschlechter-stereotyppen an Diskriminatioun tëscht de Geschlechter.
Op Ufro deplacéiert d’Ekipp vum MEGA sech mat der Camionnette bei Iech.
De MEGA-Jumper ka mat aneren Aktivitéite verbonne gi wéi zum Beispill mam Atelier “Rosa Blo!” fir Kanner.
BRIEDSPILL: GENDER-GAME (GG)
Gender-Game ass de Numm deen de LISER engem liewensgroussen interaktive Brietspill ginn huet dat a véier Beräicher agedeelt ass an zwar Muecht / Wëssen / Aarbecht / Gesellschaft.
Den Zweck vun dësem Projet ass de Spiller a Spillerinnen d’Iddi ze gi virgefaasste Meenungen iwwert Geschlechterrollen a Fro ze stellen an eng Argumentatioun op déi am Spill gestallte Froen ze ginn.
ATELIER “ROSA BLO!”
Mat dësem Atelier proposéiert de MEGA de Kanner ofwiesslungsräich Spiller an Aktivitéiten déi hinnen erlabe solle Geschlechterstereotyppen am Alldag ze erkennen an ze verstoen. D’Kanner kréien hei d’Méiglechkeet sech zu deem Theema auszedrécken.