MEGA Katalog

WEBINAR “ROSA BLO!”

WEBINAR “ROSA BLO!”

Wat bedeit Gläichstellung tëscht Fraen a Männer a wat si Geschlechterstereotyppen?

Dëst si Froen déi am Webinar méi genee ënnert d’Lupp geholl ginn a fir déi de MEGA op eng spilleresch an interaktiv Manéier de Kanner Erklärunge gëtt.

PIXI-BICHER

PIXI-BICHER

De MEGA huet an Zesummenaarbecht mam Carlsen Verlag vun Hamburg an Däitschland eng Rei Pixi Bicher erstelle gelooss.

„Mama ist Bürgermeisterin“ weist wéi facettëräich a spannend de Beruff vu Buergermeeschter oder  Buergermeeschtesch ka sinn. Et soll déi Jonk dozou motivéieren sech fir d’Politik ze interesséieren, a weisen dass och Fraen politesch aktiv kënne sinn.

„Das kann ich auch!“ setzt de Fokus op d’Rollebiller tëscht Meedercher a Jongen a verschiddene Liewenssituatiounen, fir ze weisen dass si onofhängeg vun hirem Geschlecht, de selwechte Beruff ausübe kënnen an och an hirer Fräizäit déi selwecht Hobbye kënnen hunn.

Mat „Einhorn und Roboter suchen ein Zuhause“ weise mir datt et keng typesch Meederchers- respektiv Jongespillsaache ginn, mee all Kand mat all Spillsaach sech beschäftege kann.

Broschür: We Are Equal

Broschür: We Are Equal

Wat bedeit Gläichstellung fir eis am Alldag?

D’Broschür präsentéiert eng grouss Unzuel u gängege Situatioune flott a liichtverständlech illustréiert a mat kuerzen Texter beschriwwe fir esou bei Jonken eng Reflexioun unzereegen iwwert d’Villsäitegkeet vun der Gläichstellungs-Thematik. 

Formatioun: Ech kämpfe fair

Formatioun: Ech kämpfe fair

D’Formatioun „Ech kämpfe fair“ setzt sech mam Thema Gewaltpreventioun spilleresch a reflexiv auserneen.

Si gëtt vun der a.s.b.l. Act Together ugebueden déi sech ënnert anerem fir d’Wuelbefanne vu Kanner a Familljen a Nout a fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer asetzt, sou wéi e Berodungsservice fir Jongen a Männer offréiert.

EXPO 100 JOER FRAEWALRECHT

EXPO 100 JOER FRAEWALRECHT

De MEGA huet eng ambulant Ausstellung organiséiert déi zeréckbléckt op déi wichtegst politesch an historesch Etappen a Punkto Gläichstellung an de leschten honnert Joer.

Op Ufro stellt de MEGA d’Expo deene Leit zur Verfügung déi dorun interesséiert si fir dass d’Fraerechter, respektiv d’Universalwalrecht an hire Strukturen thematiséiert kënne ginn.

Mega-jumper

Mega-jumper

De MEGA-Jumper ass eng Camionnette mat didakteschtem Material iwwert Geschlechter-stereotyppen an Diskriminatioun tëscht de Geschlechter.

Op Ufro deplacéiert d’Ekipp vum MEGA sech mat der Camionnette bei Iech.

De MEGA-Jumper ka mat aneren Aktivitéite verbonne gi wéi zum Beispill mam Atelier “Rosa Blo!” fir Kanner.

BRIEDSPILL: GENDER-GAME (GG)

BRIEDSPILL: GENDER-GAME (GG)

Gender-Game ass de Numm deen de LISER engem liewensgroussen interaktive Brietspill ginn huet dat a véier Beräicher agedeelt ass an zwar Muecht / Wëssen / Aarbecht / Gesellschaft.

Den Zweck vun dësem Projet ass de Spiller a Spillerinnen d’Iddi ze gi virgefaasste Meenungen iwwert Geschlechterrollen a Fro ze stellen an eng Argumentatioun op déi am Spill gestallte Froen ze ginn.

THEATER FORUM

THEATER FORUM

D’Konzept vum Theater Forum ass ausgeschafft gi fir Zenarien iwwert d’Theema vun der Gewalt opzestellen an Opféierungen dozou ze ginn.

De Public soll op dësem Wee op d’Thematik opmierksam gemaach gin. Déi betraffe Leit (Täter, Affer an Zeien) sollen iwwert des Opféierunge gewise kréie wéi sech den Eenzelen an enger Gewaltsituatioun behuele soll an hëllefe kann.

ATELIER “ROSA BLO!”

ATELIER “ROSA BLO!”

Mat dësem Atelier proposéiert de MEGA de Kanner ofwiesslungsräich Spiller an Aktivitéiten déi hinnen erlabe solle Geschlechterstereotyppen am Alldag ze erkennen an ze verstoen. D’Kanner kréien hei d’Méiglechkeet sech zu deem Theema auszedrécken.

ATELIER: “WEI ERLIEFT DIR GLÄICHSTELLUNG VUN DE GESCHLECHTER AM ALLDAG?”

ATELIER: “WEI ERLIEFT DIR GLÄICHSTELLUNG VUN DE GESCHLECHTER AM ALLDAG?”

Dëse Projet hëlleft deene Jonken d‘Geschlechterstereotyppen an hirem Alldag, iwwert interaktiv Ateliere besser ze erkennen an ze verstoen.

Lycéeszäit ass d’Zäit vum erwuesse ginn a fir muncheree kritt d’Rolleverdeelung tëscht Mann a Fra eng nei Bedeitung. Wéi erliewen déi Jonk d’Gläichstellung vu Mann a Fra an hirem Privatliewen? An der Schoul? A wat fir eng Roll spillt d’Geschlecht an der Schoul, respektiv Beruffsorientéierung?

MEGA-DICTIONNAIRE

MEGA-DICTIONNAIRE

D’Sprooch ass déi wichtegste Form vun der Kommunikatioun. Sou ass et och wichteg, datt eng Sprooch sech a konstantem Wandel befënnt a sech ëmmer weiderentwéckelt. Dem MEGA ass dëse Sujet eng absolutt Prioritéit an dofir ass dësen Dictionnaire ausgeschafft ginn.

Den Dictionnaire bitt eng vollstänneg Oplëschtung vun all de Beruffer, Titelen a Funktiounen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Et ass wichteg, datt all interesséiert Persoun eng kloer Äntwert op hir Froen a Relatioun mat der Sprooch an de Beruffsbezeechnunge fanne kann.

MEMORY-SPILL IWWERT BERUFFER

MEMORY-SPILL IWWERT BERUFFER

Beruffer spilleresch entdecken? Dat ass méiglech mam MEGA-Spill dat op dem klassesche Memory opgebaut ass an dat de Kanner verdäitleche soll datt eigentlech all Beruff vu Fraen a Männer ausgeübt ka ginn.

D’MEGA-Spill kann een online spillen ënnert mega-spill.lu, eleng oder am Duell géint en aneren. Niewent der elektronescher Versioun gëtt et och eng Pabeierversioun déi zum didaktesche Material vum MEGA-Jumper gehéiert.