Sozial Medien: Wéi si eis Rollebiller präge
À propos de la leçon

Ass iech schonn opgefall, datt Männer hier Selfies gär aus engem anere Wénkel knipsen ewéi Fraen? Wann een sech vun ënnen, respektiv vun uewe fotograféiert, wiekt ee méi dominant, respektiv méi onschëlleg. Et fotograféiert een sech quasi esou, wéi een a Wierklechkeet wéilt duergestallt ginn. Och dat ass ee Resultat dovun, wéi sozial Medien eis beaflossen.

 

 

Eis Fro un iech:

Wéi fotograféiert dir iech am léifste selwer?

Hutt dir Geheimtipps fir de perfekte Selfie?