Schéinheetsidealer vu Fraen an de soziale Medien

D’Kardashian-Famill huet d’Schéinheetsidealer vu Fraen a Meedecher weltwäit geprägt. Mee sinn dës Leit wierklech esou perfekt wéi op hiren Insta-Fotoen oder stiechen do aner Tricker dohannert? Make-Up, Filteren a souguer Schéinheetsoperatioune verstoppe gären d’Realitéit. Heiansdo esou vill, datt een déi Persoun ënnendrënner net méi erëmerkennt.

 

Eis Froen un iech:

Schminkt dir iech?

Wa jo, maacht dir et just fir iech selwer oder fir engem aneren ze gefalen?