Sozial Medien: Wéi si eis Rollebiller präge
À propos de la leçon

“Sief dach keng Pussy!” Bestëmmt hues du schonn héieren, wéi ee Mann dësen oder een ähnleche Sproch ze héiere krut. Vläicht hues du dat souguer selwer scho gesot oder gesot kritt. Seng Gefiller weisen oder driwwer schwätzen ass anscheinend eppes, wat just Frae maachen. Fir Männer ass et een Tabu. Esou gëtt et dacks vun der Gesellschaft verlaangt. Mee ass dat wierklech sou?

 

Eis Fro un iech:

Kennt dir nach esou Ausdréck, déi een als Mann héiert, wann een sech “schwaach” oder “onmännlech” behëllt?