Contenu du cours
Aleedung
Wat de CID Fraen an Gender ass a wat mir maachen, gitt dir hei am éischte Video gewuer!
0/2
Gender oder Geschlecht
De Begrëff “Gender” gëtt dacks mat Geschlecht verwiesselt, dobäi léisst sech Gender net unhand vu kierperleche Mierkmoler bestëmmen.
0/3
SEXISMUS
Sexismus ass een Iwwerbegrëff fir all Form vun Diskriminéierung op Gronn vum Geschlecht.
0/2
OFSCHLOSS
Sexismus ass ee Problem, an d’Léisung dovunner si mir all.
0/1
Sexismus erkennen a bekämpfen
À propos de la leçon

Wéis du sécherlech schonn am Titel oder an der Beschreiwung gelies hues, geet et an dësem Webcast ëm Sexismus. Heibäi handelt et sech ëm eng Aart vun Diskriminéierung op Basis vum Geschlecht. Wann also eng Persoun méi schlecht behandelt gëtt wéi anerer, nëmme well et eng Fra, ee Mann oder soss eppes ass, dann ass dat Sexismus. 

Leider ass Sexismus och haut nach wäit verbreet an der Gesellschaft an eng Onzuel vu Leit mussen Dag fir Dag dorënner leiden. Fir dogéint eppes maachen ze kënnen, muss ee fir d’éischt mol d’Forme vu Sexismus kennen an erkennen a virun allem erkennen, datt et ee Problem ass.  

A genee dëst probéiere mir haut zesummen z’erreechen!