Aleedung?

Wat de CID Fraen an Gender ass a wat mir maachen, gitt dir hei am éischte Video gewuer!

Gender oder Geschlecht?

De Begrëff “Gender” gëtt dacks mat Geschlecht verwiesselt, dobäi léisst sech Gender net unhand vu kierperleche Mierkmoler bestëmmen.

SEXISMUS?

Sexismus ass een Iwwerbegrëff fir all Form vun Diskriminéierung op Gronn vum Geschlecht.

OFSCHLOSS?

Sexismus ass ee Problem, an d’Léisung dovunner si mir all.
VIRSTELLUNG VUM CID FRAEN AN GENDER

Moien! Ech sinn d’Isabelle Schmoetten a schaffen zanter 2018 beim Centre d’Information et de Documentation (CID) Fraen an Gender, dem Kompetenzzentrum fir Feminismus a Fraerechter zu Lëtzebuerg. 

Wat de CID Fraen an Gender ass a wat mir maachen, gitt dir hei am éischte Video gewuer!

Wanns du méi iwwert d’Themen Gender a Feminismus zu Lëtzebuerg gewuer wëlls ginn oder dech an eiser Bibliothéik a Mediathéik wëlls aschreiwen, da klick dech duerch eise Site https://cid-fg.lu.

Du kanns eis och gären op Facebook oder Instagram followen: @cidfraenangender