Contenu du cours
Aleedung
Wat de CID Fraen an Gender ass a wat mir maachen, gitt dir hei am éischte Video gewuer!
0/2
Gender oder Geschlecht
De Begrëff “Gender” gëtt dacks mat Geschlecht verwiesselt, dobäi léisst sech Gender net unhand vu kierperleche Mierkmoler bestëmmen.
0/3
SEXISMUS
Sexismus ass een Iwwerbegrëff fir all Form vun Diskriminéierung op Gronn vum Geschlecht.
0/2
OFSCHLOSS
Sexismus ass ee Problem, an d’Léisung dovunner si mir all.
0/1
Sexismus erkennen a bekämpfen
À propos de la leçon

Sexismus ass een Iwwerbegrëff fir all Form vun Diskriminéierung op Gronn vum Geschlecht. Verschiddener si méi schlëmm wéi anerer. Dacks ass et mol net offensichtlech, datt et sech ëm Sexismus handelt. 

Wéi bei engem Äisbierg, bei deem de gréissten Deel ënner Waasser an deemno onsiichtbar ass, sinn och beim Sexismus déi meeschte Fäll “onsiichtbar”, obwuel – oder grad well – mir se am Alldag erliewen.

Huele mir déi verschidden Aarte vu Sexismus emol méi genee ënner d’Lupp.