Rosa Blo – Wéi erliews du d’Gläichstellung vun de Geschlechter am Alldag
À propos de la leçon

Fänke mir u mat dem éischte Spill: Let’s make it personal. Also komm mir ginn elo mol perséinlech. Denkt emol iwwer Situatiounen oder Ausdréck no, deenen dir selwer am Alldag begéint, déi op Steretyppe géint Männer oder Frae baséieren.

Ee Stereotyp ass eng verbreete Virstellung doriwwer, wéi eng bestëmmte Grupp vu Leit ass oder sech behëlt. Beispill: All Frae gi gär shoppen. Oder Männer kräischen net.

Hei ass eng Situatioun, déis du bestëmmt schonn emol erlieft hues (op mannst, wanns du ee Jong bass).

Am Sport seet ee Kolleg zu dir: “Du leefs wéi ee Meedchen!” Ass dat ee Kompliment? Wahrscheinlech net. Eischter mengt däi Kolleg domat, datts du lues oder komesch leefs. An domat beleidegt hien net just dech, mee e seet domat och, datt Meedecher lues oder komesch lafen. Dat ass natierlech iwwerhaapt net wouer, an awer ass dës Virstellung an de Käpp vu ville Leit verankert.

Dir fale bestëmmt nach méi esou Spréch an, déi op Käschte vum anere Geschlecht gemaach ginn. Schreif eis déi gären hei hinner!