Rosa Blo – Wéi erliews du d’Gläichstellung vun de Geschlechter am Alldag
À propos de la leçon

An, hunn dech d’Äntwerte vum Quiz iwwerrascht? Ass et erstaunlech, datt d’Gläichstellung tëscht Männer a Frae réischt 2006 am Grondgesetz festgehale gouf? Oder datt datt vu 60 Deputéierte bei de Walen 2017 just 12 Fraen an d’Chamber koumen?

Schliisslech ass et net sou, wéi wa vill méi Männer hei am Land géinge wunnen. Tatsächlech ass et bal 50/50. An trotzdeem spigelt d’Verdeelung vun de Geschlechter an der Politik dëst Gläichgewiicht iwwerhaapt net erëm.

U wat kéint dat leien? A virun allem, wat kéint een dogéint maachen? Schreif eis deng Meenung gären hei hinner!