Rosa Blo – Wéi erliews du d’Gläichstellung vun de Geschlechter am Alldag
À propos de la leçon

Eng Aart a Weis déi zu Lëtzebuerg praktizéiert gëtt, fir an der Politik een Equiliber ze fërderen, sinn déi sougenannte Quoten. Bei den Nationalwale musse Parteien op hire Kandidatslëschten op mannst 40% vun deem enge Geschlecht an net méi wéi 60% vun deem anere Geschlecht vertrueden hunn. Beispillsweis mussen op enger Lëscht mat 23 Kandidaten op mannst 9 Fraen dobäi sinn. Bei den Europawale suguer 50%.

Wéi d’Verdeelung herno an der Chamber ausgesäit, hänkt awer ganz dovun of, wien d’Leit am meeschte wielen. Mee mat der Quot gëtt op mannst vu vir eran ee Gläichgewiicht geschafen, dat béide Geschlechter déi selwecht Chance gëtt fir gewielt ze ginn.