An dësem Webinar geet et ëm Gläichberechtegung tëschent Männer a Fraen. Unhand vun interaktive Spiller erfuersche mir, wou et zu Lëtzebuerg an an anere Länner u Gläichberechtegung feelt, wat d’Grënn dofir kënne sinn a wat ee ka maachen, datt jiddwereen déi selwecht Chancen huet – egal ob Mann oder Fra, Jong oder Meedchen!
Presentéiert gëtt dëse Webinar vum Jean-Claude Bisenius, aka Bisi, vum MEGA.