ROSA BLO! – ENG FRO VU STEREOTYPPEN
À propos de la leçon

Wee weess wat an dësem Kontext Representatioun kéint bedeiten?

Representatioun ass eppes wat dir an ärem Alldag gesitt, wat der erlieft. Wann dir duerch d’Stad trëppelt, an ee Bus fiert laanscht, ass et gutt méiglech dat et méi oft ee Buschauffer an net eng Buschauffesch ass. Mee ass deem wierklech esou, oder menge mir dat just nach ëmmer esou well soss immens wéineg Frae mam Bus gefuer sinn?

Mee dir begéint dat och zum Beispill an der Schoul. 97% vun den Enseignanten aus dem Cycle 1 si Fraen (source: www.men.lu, page 61), an nëmme 3% si Männer! Dëst heescht op kee Fall dat Spillschoulsmeeschteschen dat net gutt maache géifen, mee dat dir als Kanner vläicht bewosst oder onbewosst iech verhaalt, dat et anscheinend besser wier dat Fraen sech em déi kleng Kanner këmmeren. Kënne Männer dat dann net?

Heizou dëse klenge Video: