ROSA BLO! – ENG FRO VU STEREOTYPPEN
À propos de la leçon

Dir gitt all Dag beaflosst. Wësst dir och all wat dat heescht?

Beaflossen ass wann ee probéiert een anere vun eppes z’iwwerzeegen. Huele mer ee Beispill, dir wëllt mat engem anere Kand am Summer een Dessert iessen. Dir musst iech eens gi wéi een Dessert dir huelt. Dat anert Kand wëll onbedéngt ee Stéck Schockela, dir wëllt awer eng Glace. Wat kënnt dir maachen, fir dat dat anert Kand och eng Glace wëll? An sou ass et och am Alldag par Rapport zu Jongen a Meedercher, Fraen a Männer. 

Hu mer iech vläicht selwer hei beaflosst? Wéi war dat zum Beispill wéi der gefrot gouft op Infirmière eng Jongen- oder Meederchers-Saach ass? Wa mir do vun Infirmier geschwat hätten, hätt dir vläicht all gesot et wier eng Jonge-Saach?