ROSA BLO! – ENG FRO VU STEREOTYPPEN
À propos de la leçon

Wéi der de Beruff geroden hudd, hudd der do direkt dat richtegt Wuert genotzt, dat richtegt Geschlecht? Hudd der dat richtegt Wuert genotzt wéi d’Bild bis ganz kloer war? Oder hudd der vläicht weider Dokter a Polizist geroden opwuel et offensichtlech Doktesch a Polizistin war?Denkt drun, dat kënnt vu Préjugéën, an dir wësst, dat dir do eppes kënnt dergéint maachen!

Wéi der gemolt hudd, hudd der do Fra a Mann, Mamm a Papp, … gemolt, oder just ee vun deenen zwee? Och do spille Viruerdeeler a Stereotypen. Och wa Stereotypen hëllefe komplex Situatiounen ze verstoen, ass et wichteg keng Persounen doduerch anzeschränken!

Dir kritt als Kand schonn « Iddien » wéi d’Welt kéint funktionnéiere, dir gidd beaflosst, dir observéiert, mee dir sollt virun allem eppes wëssen a verhalen duerch dëse Webinar:

Wann dir eppes wëllt maachen, dann dierft dir dat!

A virun allem dierf keen iech soen: just well der ee Jong oder ee Meedche sidd, dierft der et net maachen.